LIICHT
Optimiséierung vun der Raumbeliichtung
Déi richteg Beliichtung spillt eng grouss Roll an der Raumwahrnehmung. Leider ass et an der Reegel net einfach domat gedoen, eng Luucht am Raum ze installéieren. Bei der Wiel vun der richteger Léisung ginn et vill Faktoren, déi d'Gestaltung vum Raum matbestëmmen.
Am beschte Fall ginn d'Beliichtung an déi domat verbonnen Optimiséierung der Raumwahrnehmung schonn am viraus geplangt.
Och bei Renovéierungsaarbechten ass empfeelenswäert, sech virdrun iwwert déi richteg Installatioun Gedanken ze maachen. Wou ass et vläicht ze däischter? Wou ze Hell? Ass d'Faarf vum Liicht agreabel?
Eis Beroder hëllefen Iech selbstverständlech och bei der Wiel vun der richteger Beliichtungstechnik.
Weien Faktoren sinn vir'd Raumbeliichtung relevant?
Mat enger breeder Palette un Produiten an Léisungsusätz fir Liichttechnik sinn mer an der Lag, bal all Usproch un déi richteg Beliichtung vun äre Raim optimal ëmsetzen.
Beispiller vun Beliichtungstechnik
<
>